
Wéi de Républicain Lorrain schreift, koumt et beim Accident mat Lien op Lëtzebuerg e Samschdeg de Moien um 3.40 Auer zu enger Kollisioun op der A4 a Richtung Stroossbuerg/Paräis, an der Géigend vu Varize-Vaudoncourt, net wäit vu Metz ewech.
E jonke Mann vun 19 Joer vun Dikrech ass mat sengem Won, deen och zu Lëtzebuerg ugemellt war, an den hënneschten Deel vun engem Tank-Camion aus Däitschland gerannt. De Camion ass dunn op der Säit vun der Strooss stoe bliwwen, wärend den Auto op der lénker Spuer stoe bliwwen ass.
De jonke Mann ass dunn aus dem Auto geklommen, fir iwwer d’Strooss vun der Autobunn op déi riets Spuer ze goen. Dobäi gouf hie vun engem 38 Tonne schwéiere Camion mat rumänesche Placken iwwerrascht an ugestouss, esou d’Autoritéiten. De Mann vun Dikrech ass nach op der Plaz gestuerwen. Eng Enquête an dëser Saach leeft den Ament.