No Kartheiser-RiedLëtzebuerger Sprooch gëtt "an aller Rou" an der Regierung debattéiert

Roy Grotz
Wéi et vum Staatsminister geheescht huet, wäert de Sujet op Basis vu Propositiounen aus dem Kulturministère an aller Rou an der Regierung debattéiert ginn.

An der Suite vun der avortéierter Ried op Lëtzebuergesch am EU-Parlament vum Fernand Kartheiser huet d’Regierung nach emol kloer gemaach, wéi een d’Lëtzebuergescht soll op EU-Niveau stäerken - esou wéi et och am Koalitiounsaccord stoung.

Zil wier et, eng praktesch-ëmsetzbar Léisung ze fannen, déi et erméiglecht, datt dat Lëtzebuergescht och wierklech verstane gëtt. De Luc Frieden seet sech eiser Nationalsprooch attachéiert, verstoppt awer och net d’praktesch Aspekter.

De Luc Frieden

Mat aller Léift fir d’Lëtzebuerger Sprooch muss een och déi praktesch Aspekter kucken, wat dat heescht, wa mer an Europa géifen op d’Lëtzebuerger Sprooch pochen oder ze vill pochen. Éischtens gëtt et keng Iwwersetzung. A wann een déi virdru muss schrëftlech ofginn, dann ass et keng politesch Debatt méi, wou fräi geschwat gëtt. Zweetens gëtt et wéineg Iwwersetzer, déi dat kënnen. An duerfir mengen ech, solle mer déi Fro hei, déi intern Dimensioun an eis Léift zu eiser Sprooch net vermësche mat der Effikassitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch op internationalem europäeschem Plang.

De Kulturminister sengersäits hält un de 50 Mesurë fest, fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken, ouni se géint déi aner Sproochen auszespillen, déi am Land geschwat ginn - déi geplangt Kartheiser-Ried gesäit den Eric Thill als wéineg hëllefräich an der ganzer Debatt.

Den Eric Thill

Ech froe mech awer, ob et mat esou spontanen Aktiounen, ob dat déi bescht Aart a Weis ass, fir an där Matière do virunzekommen. Esou Froe musse jo op hirem diplomatesche richtege Wee geléist ginn, ugeschwat ginn, no de Reegelen an och konform zu deene verschiddenen Accorden.

An der Chamber-Kulturkommissioun wäert de Minister Thill dann och duerleeën, wéi d’Lëtzebuerger Sproch e gréissere Stellewäert wäert an der EU kréien, ouni datt onbedéngt de Statut vun enger offizieller EU-Sprooch wäert ugestrieft ginn.

Back to Top
CIM LOGO