
Wéi et beim Radio heescht, wieren eng 400 Restauranten, déi hiert Iessen iwwer d’Plattform ugebueden hunn, fir hir ausgeliwwert Bestellungen net bezuelt ginn. De Steve Martellini, Generalsekretär vun der Horesca, huet e Mëttwoch de Moien op der Antenn vum 100,7 Prezisioune ginn.
Jee no Restaurant géifen nach Rechnunge vu bis zu 6.000 Euro fir Iessen ausstoen, dat zwar ausgeliwwert a vun de Clientë bezuelt gi war, ma fir dat d’Gastronomen ni hir Sue kritt hätten. Déi éischt net bezuelte Rechnunge wieren der Horesca schonn Enn August gemellt ginn.
Wéi Héich d’Zomm vun den net bezuelte Servicer insgesamt ass, doriwwer probéiert ee sech bei der Federatioun vun de Gastronomen elo nach een Iwwerbléck ze maachen. Op horesca.lu gëtt et aus deem Grond och zanter en Dënschdeg een Opruff, fir datt betraffe Restauratiounsbetriber sech bei der Horesca mellen. D’Federatioun hätt den Dossier hunn hir Affekote weiderginn, esou nach de Steve Martellini.