Thema soll net méi an der Schoul ugeschwat ginn"LGBTIQ+"-Organisatioune reagéieren "entsat" op nei Petitioun

RTL Lëtzebuerg
Eng nei Petitioun fuerdert den Ausschloss vun LGBT-Themen aus dem Schoulprogramm. Op der Petitioun hire Succès reagéieren elo éischt Organisatiounen.
© RTL-Grafik

Et war ongewéinlech séier gaangen: Eréischt e Samschdeg war eng nei Petitioun online gaangen, déi argumentéiert, dass sämtlech Sujeten, déi mat LGBTQ+ ze dinn hunn, näischt an de Schoule verluer hätten. Esou Inhalter sollten dowéinst och net méi thematiséiert ginn.

Aktuell hu wäit méi wéi 5.200 Leit dat ënnerzeechent, sou dass et also zu engem ëffentlechen Debat wäert kommen.
“Mir sinn iwwert déi Petitioun entsat”, schreift d’LGBTIQ-Organisatioun Rosa Lëtzebuerg an de soziale Medien als Reaktioun op dat, wat de Petitionär gefuerdert huet.

Schoulen hätten e Bildungsoptrag, fir iwwert d’Gesellschaft an all hir Diversitéiten opzeklären. D’Intentioun, queer Leit onsiichtbar ze maachen, gëtt vu Rosa Lëtzebuerg “verurteelt”.

Och de Centre LGBTIQ+ Cigale ass net begeeschtert iwwert d’Petitioun an erënnert an de sozialen Netzwierker drun, dass Leit, déi Affer vun Haass oder Diskriminéierung goufen, sech bei hinne kënne mellen. D’Offer gëtt et all Mëtteg vun 12 bis 17 Auer, vun Dënschdes bis Freides.

Oppene Bréif vu 17 Organisatiounen an och d’Enseignantsgewerkschaft reagéiert

Nieft Rosa Lëtzebuerg hu sech en Donneschdeg nach 16 aner Organisatiounen an engem oppene Bréif zu Wuert gemellt a sech besuergt gewisen. Et wier ee verwonnert, datt d’Petitioun iwwerhaapt ugeholl gouf. E Verbuet, dat dozou féiere géif, datt iwwer Schwulen- a Lesbenthemen an Zukunft an der Schoul net méi dierft geschwat ginn, wär eng kloer Zensur.

De Bréif gouf vun enger ganzer Rëtsch Organisatiounen ënnerschriwwen, wéi dem CID Fraen an Gender, dem “Centre pour l’égalité de traitement”, dem Planning Familial an och nach dem nationale Resistenz-Musée, fir just déi ze nennen.

Och d’Enseignantsgewerkschaft SEW vum OGBL reagéiert op d’Petitioun, a seet kloer Jo zur Educatioun iwwer d’Diversitéit an Toleranz an de Schoulen. Den Onofhängege Gewerkschaftsbond stellt sech also kloer géint d’Fuerderung vun der Petitioun.

Wann een déi Themen aus dem Unterrecht géif ausklameren, géif ee queer Persounen an den Aus an un de Bord vun der Gesellschaft drécken. Et wär fahrlässeg an irresponsabel, wann an den ëffentleche Schoulen an Zukunft kee Raum méi wier, fir oppen a wäertfräi iwwer LGBTQ-Themen ze schwätzen, esou den SEW.

RTL-News: Petitioun fuerdert Ausschloss vun LGBT-Themen aus dem Schoulprogramm

PDF: Géint d'Onsiichtbarmaachen vu queeren Identitéiten an de Schoulen - Petitioun n°3198

Back to Top
CIM LOGO