Luc Frieden"Liebesgeschicht tëscht Lëtzebuerg a Portugal stäerken"

Annick Goerens
De Premier Luc Frieden war op Aarbechtsvisitt a Portugal an hat zu Lissabon eng Entrevue mat sengem Homolog, Luis Montenegro, deen zanter Mäerz am Amt ass.
© Gonçalo Dias

Et géing drëm goen, déi exzellent bilateral Relatiounen ze stäerken an ze kultivéieren. Ëmmerhin si 15 Prozent vun eiser Populatioun Portugisen. Net ze vergiessen all déi, déi an de leschte Joren d’Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl hunn, präziséiert den Luc Frieden. An Zukunft wéilte Lëtzebuerg a Portugal notamment déi ekonomesch Relatiounen verdéiwen.

“Portugal huet vill interessant Entreprisen, vill gutt forméiert Leit. Oft Leit, déi mir zu Lëtzebuerg net hunn. Zum Beispill am IT-Beräich asw. Wou also och eis Betriber enk kënne mateneen kooperéieren. An dofir wëllen mer och, dass eis Entreprisen duerch d’Beruffschamberen an och duerch Forumen, déi mer organiséieren, zesummekommen fir ze kucken, wat mer kënnen matenee maachen. Beräicher wéi zum Beispill erneierbar Energien sinn och där, wou ech gär géing besser mat Portugal zesummeschaffen, well si schonn haut dora ganz staark sinn.”

Donieft wéilt een och besser an der Ausbildung matenee schaffen. D’Universitéite sollen besser mateneen vernetzt ginn, fir d’Talent-Entwécklung ze promouvéieren. An da wéilt ee sech och op europäeschem Plang besser mateneen ofschwätzen. Lëtzebuerg a Portugal gesi sech béid als kleng bis mëttelgrouss Länner an dës hätten dacks aner Vuë wéi déi grouss. Zum Beispill, wat d’Iddi vun enger Kapitalmaart-Unioun ugeet.

“Mir wëllen also iwwer déi Liebesgeschicht, déi Portugal a Lëtzebuerg matenee verbënnt, déi wëlle mer stäerken a konkretiséieren,” sou de Luc Frieden um Freideg de Mëtteg am RTL-Interview.

Back to Top
CIM LOGO