
Et kéint e Lien ginn tëscht dëser Hellseeërin an engem kriminelle Reseau a Bulgarien. Dëse Reseau kéint hannert dem méigleche Presidentebedruch stoen, vun deem de Parquet ausgeet.
Dat schreift d’Internetplattform Reporter.lu en Donneschdeg an implizéiert domat, datt sech de kriminelle Reseau iwwert dëse Wee hätt kënnen d’Vertraue vun der Fra erschläichen.
Den Informatioune vu Reporter no wieren eng 25 Milliounen Euro vun de geklauten 61 Caritas-Milliounen antëscht a China reperéiert, eng weider zéng zu Hongkong an tëscht aacht an néng Milliounen Euro a Litauen. De Parquet hat d’lescht Woch matgedeelt, datt d’Enquête iwwert 8.000 Banktransaktiounen opgedeckt hat, déi a kuerzen Ofstänn an eng Panoplie vu Länner uechter d’Welt gaange waren. Et wier net kloer, ob d’Sue kéinte recuperéiert ginn oder net.