Naturschutzreservat HaangebiergLiewensraum fir Déieren a Planzen erhalen

Samantha Weber
Op 9 Hektar Dréchewisen, Dréchemaueren a Fielsformatiounen hunn um Haangebierg vill Déieren a Planzen erëm en Doheem fonnt.
Liewensraum fir Déieren a Planzen erhalen
Op 9 Hektar Dréchewisen, Dréchemaueren a Fielsformatiounen hunn um Haangebierg vill Déieren a Planzen erëm en Doheem fonnt.

Zanter Jore setzt sech d’Fondatioun Hëllef fir d’Natur mat verschiddene Projete wéi dem “Life, Bats and Birds" oder dem “Grünlandprojet" fir den Erhalt an d’Uleeë vu geziilte Biotopen an.

Dat sinn eng Kéier d’Orchideeëwisen an do hate mer de Projet ‘Life Orchis, mat deem mer geschafft hunn. Dann hu mer e grousse Graslandprojet, fir eben déi Wisen erëm Blummeräich ze kréien. An dann hu mer dee Projet, och en EU-Projet, ‘Life, Bats and Birds’, deen ass u sech als Fortsetzung vum Orchis ze gesinn, wou mer déi éischt Etapp gemaach hunn, vun der Erëmhierstellung vun deenen diverse Biotopen, déi eebe ganz vill Planzen hunn, déi erëm ganz vill Insekten hunn an da rëm ganz vill Narung hu fir Vigel a Fliedermais”, erkläert de Patrick Losch, President vun der Fondatioun.

Iwwerreschter vu Wéngertsterrassen

Déi géi Häng tëscht Gréiwemaacher a Meechtem goufe fréier fir de Wäibau genotzt. Haut läit e Gros vun de Wéngerte brooch. D’Dréchemaueren, déi aus där Zäit iwwereg bliwwe sinn, bidden den Häng awer net just Halt, wéi den Yves-Kail vum Haus vun der Natur erkläert.

“Bei enger Dréchemauer ass 25% vum Volume souzesoe Loft. Dat heescht, do kann net nëmmen d’Waasser aus dem Hang derduerch, mä do sinn och ganz vill Plazen, wou d’Vegetatioun, awer och kleng Reptilien an Insekten, en Ënnerdaach fannen. Dat heescht mir hunn hei eng Baumethod, déi Natur-no ass, ëmweltschounend, an déi souzesoen e Mënsche-gemaachte Biotop ass.”

Esou e Mënsche-gemaachte Biotop kann een de Planzen an Déieren och bei sech Doheem am Gaart bidden. Och Verwaltunge wéi d’Ponts-et-chaussées kéinten Dréchemaueren als Stëtzmauere fir Stroossen notzen an esou gläichzäiteg der Biodiversitéit Plaz bidden.

Geessen halen de Site propper

Nieft den Dréchemaueren stinn awer och Geessen op verschidden Terrassen, déi dobäi hëllefen, ongewollte Planzenaarten zréckzedrängen a Plaz fir Blummen an aner Grieser ze maachen.

“Mir sinn dëst Joer dat 3 Joer an der Beweedung. Dat heescht, si (d’Fläch) ass viru 4 Joer entbuscht ginn, do war natierlech alles ronderëm zougewuess. Wéi wann der hei ronderëm kuckt an et gesäit ee lo awer wierklech, datt déi Hëlzer, déi all Joer erëm verbass ginn, datt déi entweder guer net méi opkommen oder vill manner opkommen. Bon et kommen eben elo e puer aner Planzen op, wat ganz kloer ass. […] Wann ech dat richteg matkrut, dann huet de Monitoring awer scho gewisen, datt ebe lo déi Grieser an déi Planzen, och Blummen haaptsächlech opkommen, déi sech am Kader vum Projet erhofft goufen“, sou den Alex Mesenburg, Hobby-Schéifer.

Et ass eng Win-Win-Situatioun fir d’Déieren an d’Naturschutzmataarbechter, erkläert den Alex Mesenburg weider.

“Ech hunn den Ament eng Häerd vu 75 Geessen, déi de Summer iwwer hiert Bescht gëtt, fir dee Site propper ze halen. An dat bitt sech gutt un, well et ass engersäits fir d’Geessen hiren natierleche Liewensraum, fir an de Fielsen an Terrassen ronderëm ze kloteren. An anerersäits ass och jidderee frou, deen net muss mat der Hand do ra goen, mam Freischneider oder mat enger Maschinn do fueren, well den Terrain dat net hiergëtt.”

Resultater elo schonn ze gesinn

Och wann d’Natur nach vill Ënnerstëtzung vum Mënsch brauch, hu sech d’Efforte vun Natur an Ëmwelt elo scho bewisen, wéi de Patrick Losch, President vun Hëllef fir d’Natur erkläert.

“Mir hunn e ganze Koup Grieser hei, déi mer virdrun net méi haten. Mir hunn, déi éischt Orchideeën, déi rëm kommen, mir hu rëm Vigel, déi zréck kommen a mir hunn, virun allem d’Populatioun vun de Fliedermais, déi sech rëm nees ausbreet. An dann hu mer elo eng rezent Etüd gehat, déi och virgestallt gouf, wou ee Student eng Etüd gemaach huet iwwer déi wëll Beienaarten. A wou e wierklech konnt feststellen, datt mir hei rëm eng ganz héich Unzuel u verschiddenen Zorte wëlle Beienaarten hunn, déi ganz schnell sech hei usidelen, soubal wéi den Terrain nees adaptéiert ass un hir Besoinen.“

Méi Informatiounen iwwer déi verschidde Projete fannt Dir um Site vun der Fondatioun Hëllef fir d’Natur.

Back to Top
CIM LOGO