Ëm 1,5 ProzentLiicht Reprise vun der Konjunktur an der Eurozon an zu Lëtzebuerg

Anne Wolff
De Statec huet eng Reprise vun der Konjunktur zu Lëtzebuerg festgestallt, awer nach ëmmer däitlech manner wéi déi gewinnten 3 Prozent. 
Liicht Reprise vun der Konjunktur an der Eurozon an zu Lëtzebuerg
De Statec huet eng Reprise vun der Konjunktur zu Lëtzebuerg festgestallt, awer nach ëmmer däitlech manner wéi déi gewinnten 3 Prozent.

Liicht Reprise vun der Konjunktur an der Eurozon an zu Lëtzebuerg/Rep. A. Wolff

Europa hätt awer u Kompetitivitéit verluer vis-à-vis vun den USA, besonnesch duerch d’Energiepräisser, wat een dann och zu Lëtzebuerg spiert. De PIB dierft dëst Joer hei am Land deemno ëm 1,5 Prozent am Volume eropgoen, fir 2025 rechent ee mat 3 Prozent. Dat awer nëmmen, wann d’Europäesch Zentralbank hir Zënse weider erofsetzt.

Wat d’Staatsfinanzen ugeet, do läit den nominalen Defizit bei 2 Prozent. De Statec gesäit déi awer nach op engem raisonnabelen Niveau, trotz de rezent annoncéierte Mesuren um Immobiliëmarché an d’Präisbrems um Elektreschen. Déi nei Steierupassunge vun nach eemol 2,5 Indextranchen d’nächst Joer sinn an de Berechnungen nach net mat dran. Déi Adaptatioune waren am Etat de la Nation d’lescht Woch annoncéiert ginn.

D’Recettë vun de Staatskeesen evoluéieren nëmme schwaach, ëm 4 Prozent. Dat léich haaptsächlech dorunner, dass d’Masse salariale nëmme lues klëmmt an d’Steiertabell am Januar schonn emol ëm 4 Indextranchen adaptéiert gouf. 2025 sollen d’Recetten dann awer ëm 6 Prozent an d’Luucht goen.

© Didier Weber / RTL

Back to Top
CIM LOGO