Retail Report 2025Liichte Réckgang beim Leerstand vun de Geschäftsflächen

Serge Pauly
De Leerstand vun de Geschäftsflächen ass zejoert esouwuel am Handel, ewéi och am Horeca liicht zeréckgaangen.
Retail Report 2025: Liichte Réckgang beim Leerstand vun de Geschäftsflächen
De Leerstand vun de Geschäftsflächen ass zejoert esouwuel am Handel, ewéi och am Horeca liicht zeréckgaangen.

Retail Report 2025 / Reportage: Emma Felgen

Aktuell stinn 12 Prozent vun de Geschäftsflächen eidel. 1,1 Millioune Metercarré Verkafsfläch ginn et den Ament zu Lëtzebuerg. Dat mécht knapp 2 Metercarré op de Kapp aus. Déi Zuele si stabel bliwwen trotz dem Wuesstem vun der Populatioun am Land.

Retail Report 2025: Positiv Tendenzen am Lëtzebuerger Eenzelhandel
De Wirtschaftsminister Lex Delles freet sech, dass am Verglach zu 2019 manner Buttecker eidel stinn, an dass d’Verkafsfläch zougeholl huet.

Dëst geet aus dem Bilan vun der nationaler Entwécklung am Eenzelhandel ervir, deen de Wirtschaftsminister Lex Delles e Méindeg präsentéiert huet.

“Mir hunn 1.001.010 Metercarré Verkafsflächen, dat op eis 672.000 Awunner. Mir leien also do bei enger Surface de vente pro Awunner vu ronn 1,66 Metercarré, wat liicht ënnert deenen 1,68 Metercarré vun 2019 läit. Mir gesinn also, dass mir liicht erofgaange sinn, mee plus-minus stabel bleiwen, dat bei enger Croissance vun eiser Populatioun. Dat heescht an deene leschten zwee Joer sinn och keng grouss Surfacë méi bäikomm.”

Op Basis vun dësen Informatioune misst een elo un de Problemer schaffen, seet de Lex Delles:

“Wichteg genau dat do kënnen ze suivéieren, fir och kënnen ze kucken, wéi sinn d’Politicken, déi een do ronderëm kann opbauen. Wann ech weess, dass ech ee Leerstand bei mir an der Stad, am Duerf, Zentrum hunn, ma da kann ech dorop reagéieren andeem ech verschidden Zorte vu Betriber zum Beispill direkt uschwätze ginn, fir dass se bei mech kommen oder ech kann op d’Konzept goe vun de Pop-uppen”

Et gëtt aktuell 69 temporär Pop-Up-Surfacen zu Lëtzebuerg.

Als “Gewënner” aus dem Rapport stécht de Liewensmëttelhandel ervir, deen iwwer 100 nei Verkafsplaze bäikrut, ee Plus vu knapp 18%. Zu de Verléierer zielt dogéint d’Liewensmëttelhandwierk wéi zum Beispill Metzleren a Bäckeren.

Am Horeca-Secteur wiisst d’Zuel vun de Restauranten nëmmen ëm 2,4%, iwwerdeems Fast-Food-Restauranten ëm knapp e Fënneftel bäileeën. Bistroen a Caféë verzeechnen ee Réckgang vun 9%. Ee weidere Punkt aus dem Retail Report ass de Wuesstem vun de Pop-up-Storen: 69 Surfacë ginn et zu Lëtzebuerg, wat ee plus vun 72,5% ass.

PDF Retail Report 2025

Back to Top
CIM LOGO