
Am Trimester-Verglach gouf et eng Hausse vun 1 Prozent. Am Joresverglach läit een dogéint nach ëmmer bei engem Minus vun 8,3 Prozent. Bei den Haiser goung et do bal 10 Prozent no ënnen, bei de Logementer, déi réischt gebaut ginn, ass eng annuell Baisse vu 4,3 Prozent ze notéieren.
D’Aktivitéit um Immobiliëmarché schéngt dann och esou lues awer sécher erëmzekommen: bei existéierenden Appartementer sinn d’Transaktiounen am Verglach zum 2. Trimester 2023 ëm 30,5 Prozent geklommen, wärend et bei de Bestandshaiser souguer 33,8 Prozent waren. Bei Appartementer, déi nach gebaut ginn, dréit de Marché awer nach ëmmer méi lues.
D’Aktivitéit läit awer ëmmer nach liicht ënnert de Wäerter vu virun der Kris: Bei existéierenden Appartementer goufen et dës Trimester 911 Venten, wärend et tëscht 2017 an 2022 an der Moyenne eng 1041 waren.