
An der Affär, wou e Locataire opgrond vum Gesetz vun 2006 iwwert de „bail à usage d’habitation“ fuerdert, datt säi Loyer fir eng Wunneng um Lampertsbierg erofgesat gëtt, huet d’Geriicht en Donneschdeg eng weider Sitzung fir den 11. Juni decidéiert. Dat hunn ons Kolleege vun RTL „5 minutes“ gemellt.
Virun zwou Wochen hat en Expert festgestallt, datt réng dem Gesetz no de Loyer vun 1.700 eigentlech just 268 Euro misst sinn. Allerdéngs huet den Expert opgrond vun der Evolutioun vum Marchéspräis ee Loyer vun 1.875 Euro recommandéiert, wat dem Locataire, dee klot, natierlech net gefält.
En Donneschdeg sollt en Urteel gesprach ginn, mä wéinst der Coronakris an der Annonce vun der Regierung, datt d’Loyeren dëst Joer net däerfen gehéicht ginn, huet de Riichter eng weider Seance decidéiert.
RTL-Artikel: Um Lampertsbierg an um Geriicht: Locataire wëll säi Loyer ëm 40% reduzéiert kréien