Bannent dem SchengenraumLSAP: EU-Kommissioun wiert sech net genuch géint Grenzkontrollen

RTL Lëtzebuerg
D‘LSAP-Fraktioun huet en oppene Bréif un d‘EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen geschéckt.

Dora fuerdert si vun der Kommissioun, sech kloer fir déi fräi Zirkulatioun bannent dem Schengen-Raum anzesetzen an dofir ze suergen, datt d‘Memberstaaten sech un d‘Traitéen halen. Hannergrond vun dëser Aktioun sinn d‘Grenzkontrollen, déi nach ëmmer op der däitscher Grenz lafen. Dës hätte massiv negativ Auswierkungen op d‘Liewe vun de Frontalieren, Schüler a Studenten, genee wéi op d‘Commercen an Entreprisen an der Grenzregioun. Datt d‘Kommissioun sech net genuch géint esou Kontrolle wiert, géif dozou féieren, datt se als normal empfonnt ginn an domat déi fundamental Iddi vum Schengen-Raum violéiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO