
“Lëtzebuerg brauch eng Häertefällkommissioun, fir Asyldemandeuren ze regulariséieren.” Där Meenung ass op alle Fall d’LSAP. Op hir Demande hi gouf e Mëttwoch an der parlamentarescher Kommissioun fir bannenzeg Affären iwwert dee Punkt diskutéiert. Den zoustännege Minister Gloden ass - genee wéi säi sozialistesche Virgänger Jean Asselborn - der Meenung, datt esou eng Kommissioun net néideg ass.
De Léon Gloden seet, et géif ee ganz gutt mam Forum vun den ONGen zesummeschaffen. Dat sinn de Clae, Hut an d’Asti.
“Déi ginn eis déi Dossieren eran, déi u si erugedroe ginn. Do ginn et 3-4 Entrevuen d’Joer mat menge Mataarbechter, da ginn déi Dossiere gekuckt an da kréien ech déi an dann decidéieren ech opgrond vun deenen Avisen, fir déi Leit ze regulariséieren oder net.”
D’lescht Joer wieren 100 Leit regulariséiert ginn, seet de Minister Gloden, deen eng gewësse Flexibilitéit wëll behalen. Domadder ass d’LSAP Deputéiert Liz Braz net averstanen.
“Ech fannen, dass et do ganz transparent, kloer Reegele solle ginn, wou déi Leit sech zu all Ament solle kënnen informéieren ,wéi gutt hir Chancë par rapport zu deene Reegelen a Krittäre sinn, déi ee sech gëtt. Ech mengen, datt net de Minister soll Riichter spillen iwwert d’Schicksal vun deene Leit.”
Fir d’Liz Braz geet et och drëms, nei Méiglechkeeten ze schafen, fir Leit ze regulariséieren.
“De Fakt ass effektiv deen, dass mer Leit hunn, déi jorelaang op hir Prozedur waarden, bis se a leschter Instanz hiert Urteel kréien an där Zäit hei Kanner hunn, déi laang an d’Schoul gaange sinn, schonn eng Aarbecht hunn, an dass déi Leit no Jore gesot kréien, et géif net goen. Mir hunn awer eng Demande um Aarbechtsmarché. Mir brauchen iwwert déi nächst Joerzéngten extreem vill méi Leit, wéi mer der den Ament zu Lëtzebuerg hunn, dat heescht, mir sinn op dës Leit ugewisen. Da wier et am Fong logesch, fir ze kucken, ob ee Leit net iwwert d’Aarbecht hei hale kann, och wa se de Flüchtlingsstatut net kruten.”
Ma och op deem Punkt krut d’LSAP keng Satisfaktioun. De Minister hätt gesot, datt keng zousätzlech Mesuren néideg wieren, an datt hie sech am gesetzleche Kader géif beweegen.