
Donieft soll de Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles an der zoustänneger Chamberkommissioun erklären, ob a wéi de Staat esou Investitiounen iwwerhaapt dierf maachen a wat d’Regierung konkret wëlles huet an deem Beräich.
D’LSAP betount, datt de Stroumreseau d’Réckgrat vun der Energie-Transitioun ass a muss prett sinn, fir d’Hausse vun erneierbarer Energie, Elektromobilitéit, Wärmepompelen an der Digitaliséierung. Donieft misst de Reseau modern a robust sinn an och de Privatsecteur misst animéiert ginn, fir doran z’investéieren, esou d’LSAP an hirem Schreiwes.