Nei EU-KommissiounLSAP: Keng Kommissioun ouni Nicolas Schmit

RTL Lëtzebuerg
D'europäesch Sozialiste sinn net zefridde mat de Kandidate fir déi nei EU-Kommissioun.
LSAP: Keng Kommissioun ouni Nicolas Schmit
D’europäesch Sozialiste sinn net zefridde mat de Kandidate fir déi nei EU-Kommissioun.

Ënnert anerem fuerdere si, datt hire Spëtzekandidat, de Lëtzebuerger Kommissär Nicolas Schmit, eng Plaz an der neier Kommissioun misst kréien.

D’Ursula von der Leyen hätt um Mëttwoch hir 26 Kommissäre solle presentéieren. Déi offiziell Begrënnung, datt d’Presentatioun verréckelt gouf, ass déi sloweenesch Kandidatin, déi nonominéiert gouf a fir d’éischt nach vun hirem Nationale Parlament muss confirméiert ginn. Am Hannergrond gëtt et awer och nach politesch Reiwereie mat de Sozialisten.

“Mir sinn net zefridden an hunn elo ëffentlech Drock gemaach, well mir net kënnen acceptéiere wéi d’Ursula von der Leyen mat eis ëmgeet. Mir sinn ëmmerhin déi zweetstäerkste Kraaft an Europa”, seet de Marc Angel, Europadeputéierte vun der LSAP.

D’europäesch Sozialiste fuerderen, datt grad esouvill Frae wéi Männer an der Kommissioun sinn, dernieft si si dogéint, datt Politiker vum extrem rietse Bord als Kommissär a Fro kommen. An da geet et och nach ëm den Nicolas Schmit, dee jo als europäesche Spëtzekandidat vun de Sozialisten an d’Wale gaange war. Grad wéi an de Jore virdru misst dee Spëtzekandidat e Posten an der Kommissioun ugebuede kréien. Wann dës an aner Fuerderungen net sollen erfëllt ginn, géing déi nei Kommissioun keng Majoritéit am EU-Parlament kréien.

Lëtzebuerg huet awer net den Nicolas Schmit, ma den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen proposéiert. Domadder sinn d’Sozialisten net d’Accord.

Den nächsten Dënschdeg, esou ass et elo emol geplangt, wëll d’Usula von der Leyen hir nei Ekipp presentéieren. D’EU-Parlament muss déi eenzel Kandidaten da guttheeschen.

Back to Top
CIM LOGO