Gemeinsame CommuniquéLSAP, OGBL an LCGB mat massiver Kritik u Regierung

RTL Lëtzebuerg
D'Regierung a virun allem zwee CSV-Ministere kréie reprochéiert, datt se geziilt de Sozialmodell an d'Gewerkschafte géinge schwächen.
© RTL-Grafik

D’Chaos-Politik misst direkt ophéieren, heescht et am gemeinsame Pabeier, wou mam Fanger op den Aarbechtsminister Georges Mischo an op d’Sozialministesch Martine Deprez gewise gëtt. D’Gewerkschaften OGBL an LCGB an d’Partei LSAP verweisen op d’Dossiere Pensioun, Krankekeess, Sonndesaarbecht a Kollektivverträg.

D’Syndikater géinge veronséchert an ecartéiert ginn an déi respektiv Reforme wiere längst beschloss. Bei den Diskussiounen iwwer d’Pensiounsreform zum Beispill, do géingen d’Gewerkschafte geziilt isoléiert ginn, well einfach jidderee géing invitéiert ginn, fir iwwer e sou e komplext Thema mat ze debattéieren.

Liest hei dee komplette Communiqué

Back to Top
CIM LOGO