
Europa ass fir d’LSAP eng Häerzenssaach. D’Sozialiste päile kloer zwee Stëtz bei den Europawalen un.
D’Resultater vum Politmonitor, dräi Kandidaten an den Top 5, géife motivéieren a Schwong ginn, huet et e Mëttwochmoie bei der LSAP geheescht. Déi sechs Kandidaten a Kandidatinnen hunn de Walprogramm presentéiert.
D’LSAP wëll méi Europa...méi e sozial gerecht, méi en nohaltegt, méi en demokratescht a méi e séchert Europa. De “Green Deal” misst e rout Häerz kréien, all Mënsch misst matgeholl ginn. Eng Stëmm fir d’LSAP wär och eng Stëmm fir den europawäite sozialistesche Spëtzekandidat Nicolas Schmit. Sou kéint e Lëtzebuerger un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun stoen.
D’Migratioun ass am Walkampf och en Thema. D’LSAP ass fir eng besser organiséiert Migratiounspolitik, fir méi legal Migratiounsweeër a komplett dogéint, datt d’Migratiounspolitik ausgelagert gëtt, wéi Groussbritannien et mécht, a wéi et am Walprogramm vun der Mammepartei vun der CSV, der EVP, steet. Als räichste Kontinent vun der Welt kéint ee sech dat net erlaben, d’Asylprozeduren missten hei gemaach ginn, esou de Marc Angel.
D’Deputéiert Mars Di Bartolomeo a Liz Braz, déi jo am Politmonitor vun RTL a Wort gutt ofgeschnidden hunn, goufen e Mëttwoch och gefrot, ob si d’Mandat géifen unhuelen, wa si géife gewielt ginn. De Mars Di Bartolomeo huet gemengt: “Wat schwätzt dogéint?” Hie wier zanter enger “Éiwegkeet” derbäi a wier ni matgaangen, fir net gewielt ze ginn. D’Liz Braz sot et wier eng Chance, fir op der Lëscht ze sinn. Et wier awer och schued, wa si d’Chamber misst verloossen. Ma fir d’éischt misst de Wieler decidéieren, éier ee Conclusiounen zéie kéint.