Dick Schoof op Aarbechtsvisitt hei am LandLuc Frieden: Keen Zweiwel, datt enk Relatioun mat Holland bestoe bleift

RTL Lëtzebuerg
Den neien hollännesche Regierungschef Dick Schoof hat e Méindeg éischt bilateral Aarbechtsvisitten um Programm an déi gounge bei d'Noperen.

Fir d’éischt op Bréissel an dono op Lëtzebuerg. Fir de Regierungschef Luc Frieden ass dat e wichtegt Zeechen. Et géif weisen, datt de Benelux och fir déi nei hollännesch Regierung eng zentral Roll géif spillen.

Am September ginn et 80 Joer, datt d’Benelux-Unioun gegrënnt gouf an déi nei hollännesch rietskonservativ Regierung leet Wäert drop, datt d’Zesummenaarbecht mat der Belsch a Lëtzebuerg bestoe bleift. Dat huet den neien hollännesche Regierungschef Dick Schoof däitlech gemaach.

Och de Premier Luc Frieden huet no de Gespréicher, vis-à-vis vun der Presse, keen Zweiwel dru gelooss, datt déi historesch enk Relatioun mat Holland bestoe bleift:

“Ech hu gespuert, aus deem, wat de Premierminister Dick Schoof gesot huet, datt si och an Zukunft mat Lëtzebuerg wëllen zesummeschaffen. Et ass eng Regierung an Holland, an där véier Parteie sinn, wou vläicht dat eent oder anert och Erklärung verlaangt an dofir war et wichteg, dem Premierminister Schoof nozelauschteren, wéi se sech op verschiddene Punkte positionéieren. Et ass kloer ginn, datt si wëllen an Europa, an der NATO an am Benelux mat hiren historesche Partner weiderschaffen an dat begréissen ech.”

Den neien hollännesche Premier Dick Schoof steet un der Spëtzt vun der Regierung, an där déi migratiounsfeindlech “Partei vun der Fräiheet” vum Geert Wilders ass, nieft der Bauerepartei BBB, der liberalkonservativer VVD vum fréiere Regierungschef Mark Rutte an der Partei “Neie Sozialvertrag”.

Den Dick Schoof ass Member a kenger vun deene Parteien.
Hie war déi lescht Joren iwwer héchste Beamten am Justizministère a stoung un der Spëtzt vum Geheimdéngscht. Hie gëllt als Expert fir Sécherheet a Migratioun.

Back to Top
CIM LOGO