Nom Etat de la NationLuef vun de Majoritéitsparteien a Kritik vun der Oppositioun

Monica Camposeo
Pierre Jans
Nom éischten Etat de la Nation vum Premier Luc Frieden en Dënschdeg hunn e Mëttwoch de Moien d'Debatten an der Chamber ugefaangen.
Luef vun de Majoritéitsparteien a Kritik vun der Oppositioun
Nom éischten Etat de la Nation vum Premier Luc Frieden en Dënschdeg hunn e Mëttwoch de Moien d’Debatten an der Chamber ugefaangen.

Wéi gewinnt gouf et Luef vun de Majoritéitsparteien a Kritik vun der Oppositioun. D’Debaten hunn um 9 Auer ugefaangen a bis d’Mëttespaus si just véier Fraktiounen drukomm, dat heescht et hate just dräi Politiker an eng Politikerin bis dohin d’Wuert.

12/06/2024 Chamberdebat nom Etat de la Nation / Monica Camposeo

Ugefaangen huet de Marc Spautz, Fraktiounspresident vun der CSV. Hien huet den Ëmgang vun der Presse zum Deel kritiséiert, esou wéi éischt Reaktioune vun der Oppositioun, déi béid ze vill op d’Fro vun der Géigefinanzéierung fokusséiert wieren. Dem Marc Spautz no géing et also ze wéineg ëm den Inhalt aus der Ried goen.

Extrait 1 Marc Spautz

Vum Oppositiounspolitiker Fred Keup (ADR) huet et geheescht, dass wichteg Themen an der Regierungserklärung gefeelt hunn. D’Kriminalitéit zum Beispill, mee och d’Migratioun an d’Integratioun “hu keng Roll gespillt” an d’Fro vun der Identitéit ass ze kuerz komm, esou wéi och d’Familljepolitik, fënnt de Fred Keup. An doropshi sot hien, dass d’Regierung dorunner wäert gemooss ginn, ob d’Kriminalitéit a véier Joer erofgaangen ass, oder wéi d’Situatioun an de Spideeler wäert sinn. Et koumen nach weider Beispiller, wéi d’Fro wéi vill Lëtzebuergesch um Enn vun dëser Legislaturperiod nach geschwat gëtt.

Extrait Fred Keup

D’Fro vun der Ëmsetzbarkeet war och ëmmer nees wärend der Ried vum Marc Spautz e Mëttwoch de Moien aus de Reie vun der Oppositioun ze héieren. Dorop hat de Fraktiounspresident vun der CSV versprach, dass déi Mesuren, déi elo ugekënnegt ginn, och wäerte kommen an, dass d’Oppositioun roueg d’Aarbecht an e puer Joer dorunner moosse kéint.

Extrait 2 Marc Spatz

Am Nomëtteg goung et weider mat den Debaten zum Etat de la Nation vum Premier Luc Frieden. Besonnesch d’Ännerunge bei den Aiden am Kader vun der Energie-Transitioun goufe vun den Oppositiounsparteien déi gréng, Piraten an déi Lénk kritiséiert.

An Däitschland géing ee gutt gesinn, wat geschitt, wann de Staat d’Subside sträicht. 30 Prozent manner Elektroautoen, esou de Piratendeputéierte Sven Clement, goufen am Mee dëst Joer zougelooss, am Verglach mam nämmlechte Mount d’lescht Joer. Ma allgemeng géing hien e roude Fuedem an der Ried zur Lag vun der Natioun gesinn: D’Leit géingen informéiert ginn iwwert d’Pensiounsreform oder d’Logementsmesuren zum Beispill. Mee e Biergerrot soll et net ginn.

D’Biergerbedeelegung huet och der grénger Deputéierte Sam Tanson gefeelt. Esou wéi och konkret Mesurë fir d’Erhale vun der Biodiversitéit oder den Naturschutz. Et wier eng Regierungserkläerung vun de Villverdénger gewiescht, sot déi gréng Deputéiert. Nieft der Biergerbedeelegung, mécht der Sam Tanson och d’Rechtsstaatlechkeet Suergen. D’Oppositioun wier virun allem am Dossier “Heescheverbuet” vun uewen erof beléiert ginn. D’Kommunikatioun vun der CSV-DP-Regierung géing allgemeng ze wënschen iwwreg loossen.

Extrait Sam Tanson

Déi Gréng waarden op dat neit Informatiounsgesetz, dat an der Regierungserklärung nach emol versprach ginn ass.
Sam Tanson huet och bedauert, dass näischt Konkretes fir d’Erhale vun der Biodiversitéit oder den Naturschutz gesot ginn ass. Amplaz hätt et geheescht, et misst een déi ganz Thematik méi entspaant gesinn. Déi gréng Deputéiert kritiséiert, dass de Klimaschutz ëmmer nees rhetoresch an den Eck géing gestallt ginn, op der anerer Säit sech d’Regierung mat gewëssen Initiative mengt an déi an d’Vitrinn stellt.

Änlech Kritik koum vum Deputéierte Marc Baum vun déi lénk. Donieft huet hien a senger Ried eng Analys vun de Resultater vun den Europawale gemaach. Och wann dat verschidde Wale wieren, kéint ee soen, dass d’Zoustëmmung nëmmen 8 Méint no de Chamberwale méi kleng ginn ass. Thematesch géing d’Regierung “Aktivitéit virtäuschen” an Theme rhetoresch ëmmer nees nei faassen. Et géing awer net gehandelt ginn.

Nach ier hien den Etat de la Nation geschriwwen huet, hätt hien sech esou Reaktioune kënne virstellen. Dat sot de Premier Luc Frieden no 6 Stonne Chamber-Debaten a senger Ried. Zu de Kriticke vun den Deputéierte sot hien, dass him verschidde Kontradiktiounen opgefall wieren. Zum Beispill, dass d’LSAP-Fraktiouns-Cheffin Taina Bofferding vun enger konservativer Ried geschwat huet an den adr-Deputéierte Fred Keup bedauert huet, se wier net konservativ genuch. Doropshi gouf et vun der Oppositiounsbänk vill Rumouers.

Dass et inhaltlech politesch Divergenze gëtt, wier normal, esou nach de Premier. A senger Ried zur Lag vun der Natioun hätt hien eng däitlech Richtung wëlle virginn, fir d’Land nees no vir ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO