
Um Auto waren d’Luuchten aus, an d’Mall stoung op. Dat war Grond genuch fir d’Polizisten, den Auto respektiv de Chauffer ze kontrolléieren. Dat war dann och net vu Muttwëll, well den Alkoholtest war positiv an de Chauffer ass elo Mol provisoresch säi Fürerschäi lass.