
D’Ursaach vun deem Accident, déi um Geriicht zeréckbehale gouf, war e mënschleche Feeler, wéi och technesch Mängel un der Maschinn.
20 Persoune koumen beim Fligeraccident ëm d’Liewen, de Pilot an ee Passagéier hunn den Accident schwéier blesséiert iwwerlieft. An enger Serie vun Documentairë vun National Geographic gouf am Episod 4 de ganze Fall opgeschafft.
National Geographic analyséiert an dokumentéiert an der Serie “Air Crash Investigation” Fligeraccidenter. Hei gëtt den Oflaf an d’Ursaache vun esou Virfäll beliicht an nogestallt. An der Season 24 gouf an der véierter Episod de Luxair-Crash gewisen. Dësen Documentaire ass dann och vum 20. respektiv 21. Mäerz un op Disney+ ze streamen.