"E Joer wéi et nach keent gouf"Luxair huet zejoert 22% méi Passagéier transportéiert

RTL Lëtzebuerg
Am Ganze waren et 2,5 Millioune Leit, dat op 32.000 Flich verdeelt.

Op der éischter Plaz vun de 96 Destinatioune steet Italien. Bei Luxair Tours ass et zejoert 19% erop gaangen. Dat mécht 1 Millioun Passagéier, déi eng Rees mat Forfait gebucht haten. Anescht gesäit et am Beräich Cargo aus: Beim Tonnage goung et d’lescht Joer 18% erof.

Bei den Zerwisser gouf eng Hausse vu 7% notéiert. 2023 goufen 2,8 Millioune Moolzechten zerwéiert.

Luxair huet dann och am Joer 2023 säi Reseau vun de Fluchstrecken erweidert, dat mat Pescara, Ljubljana, Milan Linate, Praia a La Palma.

Hei de Pressecommuniqué vun der Luxair als PDF.

Back to Top
CIM LOGO