
Wéi et heescht géif een als Konsequenz op alternativ konventionell Navigatiounssystemer zeréckgräifen, déi onofhängeg vum GPS funktionéieren an d’GPS-Signaler an de Fligeren ausschalten.
Dëst wiere pro-aktiv Mesuren, preziséiert d’Luxair, déi a kengem Fall en Impakt op d’Fluchsécherheet hätten.
Weider gëtt kloer gestallt, datt d’Ekippe komplett am Bild wieren iwwer dës GPS-Brouillagen, an datt dës Stéierungen ni zu engem Kontroll-Verloscht am Cockpit géife féieren.
Wéi et an europäesche Medien heescht, wieren déi lescht Méint eng 50.000 Volle vu geziilte GPS-Stéierunge betraff gewiescht, virun allem iwwer Länner wéi Polen, dem Irak, Ägypten, Saudi-Arabien, der Tierkei an Estland oder och iwwert dem Schwaarze Mier.

Nach de leschte Weekend hunn zum Beispill 2 Finnair-Volle virun der Landung an Estland misse wéinst Stéierungen d’Kéier maachen a sinn zréck op Helsinki geflunn.
Dës sougenannt “Spoofing"- oder “Jamming"-Attacke sollen cibléiert vu Russland aus lancéiert ginn - rieds geet vun enger russescher Militärinstallatioun zu Kaliningrad, vu wou aus dës Manöver solle gesteiert ginn. Russland dementéiert a schwätzt vu Propaganda.
Beim “Jamming” ginn d’Navigatiouns- a Positiounsdonnéeë vu Fligere gestéiert - dës Method kann z.B. och agesat ginn, fir Drone-Vollen op sensibele Sitten ze verhënneren.
Méi geféierlech ass de “Spoofing”, wou falsch Donnéeën a punkto Héicht a Positioun an de Cockpit geschéckt ginn, sou datt d’Pilote solle bewosst an hirer Navigatioun iergeleet ginn.