Aktivitéitsrapport 2023Maison du Grand-Duc huet ronn 12,6 Milliounen Euro fir Personalkäschte ausginn

RTL Lëtzebuerg
D'Maison du Grand-Duc huet en Donneschdeg hiren Aktivitéitsrapport publizéiert.
© Maison du Grand-Duc

Ronn 12,6 Milliounen Euro, sou vill goufen zejoert eleng fir Personalkäschten ausginn. 120 Leit sinn aktuell agestallt. Wéi et heescht, hätt d’Budgetsstruktur alles an allem net vill changéiert. D’Personalkäschte maachen nach ëmmer deen allergréisste Poste vum gesamte Budget vu ronn 19,2 Milliounen Euro aus. Wéi aus dem Bilan ervirgeet, huet den Haff 96,5 Prozent vu sengem initiale Budget opgebraucht. D’Fonctionnementsfraisen hunn zejoert eppes méi wéi 3 Milliounen Euro ausgemaach. De Gros, 1,8 Milliounen Euro fir genee ze sinn, sinn an den Ënnerhalt vun de Gebailechkeete gefloss. Gréisser Chantiere goufen et weder am Palais an der Stad nach am Schlass zu Colmer-Bierg. An noer Zukunft sollen allerdéngs d’Loge vun de Polizisten an d’Iwwerwaachungssystemer moderniséiert ginn.

D’Deplacementskäschte sinn 2023 zréckgaangen, virun allem, well weider keng international Evenementer mat Lëtzebuerger Presenz waren, heescht et. Déi offiziell Visitt vum Bundespresident Frank-Walter Steinmeier an de ziville Mariage vun der Prinzessin Alexandra huet iwwregens 46.200 respektiv 11.100 Euro kascht.

2023 ass bekanntlech déi iwwerschaffte Verfassung a Kraaft getrueden, déi och en Impakt op de Budget vum Haff hat, dee sech awer réischt an der Opstellung vun de Konte fir dëst Joer erëmspigele wäert. Virun allem sollt d’Dotatioun fir de Grand-Duc méi transparent ginn.

Link: De ganze Rapport d’activités 2023 vum Haff.

Back to Top
CIM LOGO