
De Gesetzprojet 7634 gouf en Donneschdeg de Mëtteg an der Plenière mat 33 Jo-Stëmmen, 23 Abstentiounen a 4 Nee-Stëmmen ugeholl.
Klenge Rappell: Just nach 10 Leit däerf ee bei sech doheem empfänken. Bei Verstéiss géint d'Quarantän-Mesurë gëllen an Zukunft Strofe vu 25 bis 500€. D'Sanktioune fir Betriber, déi d'Reegelen net respektéieren, gi verschäerft. D'Santé ass dernieft am Gaang eng Strategie op d'Been ze stellen, zesumme mat de Gemengen, fir do ze sensibiliséieren, wou et néideg ass. Och eventuell Sproochebarrièrë sollen iwwerwonne ginn.
E Freideg gëtt den Text am Mémorial publizéiert. D'Mesurë gëlle vun e Samschdeg un, dat provisoresch bis den 30. September.

RTL-NEWS: Oppositioun wäert sech gréisstendeels beim Vott enthalen