Europawalen an der StadMam "Walbus" kommen och Leit mat ageschränkter Mobilitéit an de Walbüro

RTL Lëtzebuerg
D'Europawalen annoncéiere sech: an der Stad ass alles prett, datt all Walberechtegter, och Leit mat engem Handicap, an ee vun den 88 Büroe kommen.

Sou fonctionéiert fir eeler Persounen oder Leit mat reduzéierter Mobilitéit e Sonndeg e Walbus, fir deen ee sech muss bei der Stater Gemeng umellen.

Iwwerdeem jo d’Wieler eleng an d’Walkabinn ginn, sou kënne sech blann Leit begleede loossen. Fir si ass och eng Walschabloun disponibel, wou de Walziedel taktil erfaassbar ass an d’Wielen doduerch erméiglecht gëtt.

Fir d’Awunner aus dem Gronn, Clausen an der Polvermillen zirkuléieren Navette fir op d’Rumm respektiv an den Hammer Hospice ze kommen.

D’Wieler gi gefrot, fir mat enger Identitéitskaart an de Walbüro ze kommen. Dës Büroe sinn an den 100 Gemengen tëscht 8 Auer moies an 2 Auer nomëttes op.

Méi Informatiounen zum Stater Walbus fannt Dir hei

Back to Top
CIM LOGO