Aus dem Police-Bulletin Mann am Garer Quartier mat Fläsch blesséiert an Iwwerfall zu Beetebuerg

RTL Lëtzebuerg
D'Beamte vun der Police waren en Donneschdeg nees wéinst enger Rei Virfäll alarméiert ginn. Ënnert anerem gouf et eng Kläpperei an en Déifstall.
© RTL

An der Stroossbuerger Strooss am Garer Quartier war et um spéiden Nomëtteg, sou d’Police an hirem Bulletin, zu enger Kläpperei tëscht zwee Männer komm. Ee vun hinnen huet dobäi deen anere mat enger Fläsch geschloen a verwonnt. Dee Blesséierte koum no enger éischter medezinescher Versuergung fir eng Kontroll an d’Spidol. Op Uerder vum Parquet gouf den Täter protokolléiert.

Zu Beetebuerg war éischten Informatiounen no eng Fra op engem Busarrêt iwwerfall ginn. Zwee Männer sollen u si erugetruede sinn, wéi si op de Bus gewaart huet an hunn hir den Handy aus der Hand gerappt. Béid Täter sinn a Richtung Beetebuerger Gare geflücht. D’Police huet Ermëttlunge lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO