
Wou Beamte sech rapprochéiert hunn, huet de Mann d’Beamten enger Matdeelung vun der Police no direkt mat engem Klappmesser agresséiert a Mordmenacë vu sech ginn. D’Beamten hunn hien doropshi mat op de Policebüro geholl an d’Messer saiséiert. Bei enger Kierperduerchsichung goufen Droge fonnt an och een Alkoholtest ass positiv ausgefall.
D’Persoun gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a gëtt e Samschdeg nach dem Untersuchungsriichter presentéiert. Blesséierter gouf beim Virfall net.
An der Stad goufen dann och nach um fréie Samschdeg de Moien wou Persoune festgeholl. D’Beamte konnten e presuméierten Drogendeal observéieren.
De presuméierten Dealer huet d’Been an d’Hand geholl an huet probéiert ze flüchten, wou en d’Beamte gesinn huet, ma en ass net wäit komm. D’Polizisten hunn hie verstoppt an enger Heck erëmfonnt. Bei der Persoun hunn d’Beamten dunn eng gréisser Quantitéit Drogen an eng héich Zomm Boergeld fonnt. Souwuel d’Suen, wéi och d’Droge goufe saiséiert.
De presuméierte Keefer konnt och ermëttelt ginn a gouf mat op de Policebüro geholl. Och si kommen e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter.