Trap aus Bëtong an de Koup gefallMann bei Aarbechtsaccident zu Grass ëm d'Liewe komm

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg ass et zu engem uergen Aarbechtsaccident zu Grass komm. Fir den Aarbechter koum all Hëllef ze spéit.

Wéi d’Police schreift, gouf en Donneschdeg an der Rue Dr. Elvire Engel zu Grass e 45 Joer ale Mann déidlech blesséiert, wéi eng Trap aus Bëtong an de Koup gefall ass.

Trotz medezinescher Versuergung vum Noutdokter ass den Aarbechter nach op der Plaz gestuerwen.

D’ITM an d’Police technique waren um Chantier, fir déi genee Ursaach vum Accident z’ermëttelen.

Back to Top
CIM LOGO