Police sicht no ZeienMann bei kierperlecher Ausenanersetzung an der Stad schwéier blesséiert
Den 13. Oktober géint 5.30 Auer koum et bei enger Disco an der Rue Saint-Zithe an der Stad zu enger kierperlecher Ausenanersetzung.
Verëffentlecht: 07.11.24 10:20, Update: 11.12.25 16:40
Dobäi ass ee Mann schwéier blesséiert ginn. An deem Kontext sicht d'Police elo no Zeien. All Informatioune si fir d'Police aus der Stad ënnert der Nummer (+352) 244 40 1000 oder per E-Mail u Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.