PoliceMann beklaut an der Stad, Permise fort wéinst Alkohol, Abréch zu Aassel an Esch

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et queesch duerch d'Land zu verschiddene Virfäll, wou si hu missen agräifen.
© RTL Archivbild

En Dënschdeg den Owend hat e Mann an der Rue Charles Darwin zu Gaasperech Suen op engem Bankomat opgehuewen. Kuerz drop gouf hie vun engem Onbekannten op d’Säit gestouss, deen d’Suen agestach huet a geflücht ass. Eng direkt lancéiert Sichaktioun war negativ, d’Ermëttlunge lafen.

E puer alkoholiséiert Chauffere gepëtzt

Zu Capellen gouf e Chauffer gemellt, dee mat sengem Gefier am Zickzack ënnerwee a Richtung Ollem/Kielen wier an e Potto ze pake krut. Eng Policepatrull huet de Mann kuerz drop gestoppt. Den Otemtest war positiv an hie krut e provisoresche Fuerverbuet.

Méi spéit an der Nuecht, géint 1 Auer gouf nach e Won zu Téiteng gemellt. Och dëse war am Zickzack ënnerwee a gouf vun der Police gestoppt. En Alkoholtest huet ugeschloen an de Fürerschäi war dono fort.

Abréch zu Aassel an Esch

An de leschte Stonne krut d’Police dann och nees e puer Abréch gemellt, sou zum Beispill en Dënschdeg am Nomëtteg an en Eefamilljenhaus zu Aassel. Hei hate sech d’Täter en Zougang verschaaft an e puer Raim duerchsicht an hu sech mat e puer Bijouen dovugemaach.

E weideren Abroch gouf et nach an en Haus an der Rue Dominique-Joseph Hoferlin zu Esch. Och hei goufen e puer Raim duerchsicht.

A béide Fäll goufen d’Ermëttlunge lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO