Wollt sech net berouegenMann belästegt Personal op der Schueberfouer a gëtt vun der Police matgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police e Méindeg mellt, hat sech e Sonndeg den Owend ee Gaascht op der Fouer gutt dernieft beholl.

De Mann gouf de Beamte géint 23.45 Auer gemellt, nodeems hie virdru scho vun engem Stand geflu war, well hie probéiert hat, sech do mat de Mataarbechter unzeleeën. Och d’Efforte vun der Police, de Mann ze berouegen, hu keng Friichte gedroen. Well hien eng Gefor fir sech an anerer gewiescht wier, hunn d’Beamten hie mat op de Policebüro geholl.

Och an der Rue de Strasbourg an der Stad ass ee Mann e Sonndeg den Owend negativ opgefall. Hien hat op enger Terrass probéiert, Sträit mat Foussgänger unzefänken. Och hien huet sech vun der Police net berouege gelooss, esou datt hien d’Nuecht och am Arrest verbréngen duerft.

Do dernieft mellt d’Police och nach ee Chauffer, deen e Sonndeg géint 21.20 Auer um Boulevard d’Avranches an de Stad vill ze séier gefuer ass an doriwwer eraus och nach um Handy gewiescht ass. Wou en Alkoholtest däitlech ze héich Wäerter gewisen huet, huet de Chauffer säi Fürerschäi missten ofginn.

Back to Top
CIM LOGO