Aus dem PolicebulletinMann brécht an Autoen an a Persoun op der Stater Gare op de Schinnen ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg huet d'Police direkt e puer Mol missten agräifen.

E Mëttwoch den Owend géint 20 Auer gouf der Police eng Persoun gemellt, déi op der Gare zu Esch randaléiert an d’Sécherheetsbeamten, déi do am Asaz waren, menacéiert huet. An en Donneschdeg géint 7 Auer war op der Stater Gare eng Persoun op de Schinnen ënnerwee. Béid haten däitlech ze déif an d’Glas gekuckt a goufe vun enger Patrull matgeholl, fir sech um Policebüro ausschlofen ze kënnen.

Méi laang wäert da wuel eng Persoun an Arrest musse bleiwen, déi zu Bouneweg d’Fënster vun engem Auto ageschloen an eng Posch geklaut huet. Dëst gouf der Police e Mëttwoch den Owend gemellt an d’Beamte konnten de Verdächtegen nach an der Géigend vum Abroch stellen. Bei hir goufen divers Géigestänn séchergestallt. De Parquet huet d’Persoun verhafte gelooss a si krut e Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO