
D’Beamten, déi op d’Plaz koumen, haten de Mann direkt opgefuerdert, de Bistro ze verloossen. Deem ass dësen och nokomm.
Ma kuerz drop war de staark alkoholiséierte Mann nees zeréck an nees hunn d’Beamten hien opgefuerdert, fir ze goen. Dëst Kéier wollt hien dat awer net maachen a well hien och nach eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, duerft hie säi Rausch um Policebüro ausschlofen.