
Eng Patrull vun der Police ass doropshin op d’Plaz gefuer. Ma de Mann huet all Kooperatioun verweigert, huet d’Beamte beleidegt a war géigeniwwer dësen aggressiv. Well de Mann sech partout net wollt berouegen, gouf hien am Arrest ënnerbruecht. En illegaalt Messer, dat hie bei sech hat, gouf saiséiert.
Iwwerdeems ass et géint 23 Auer um Samschdegowend an der Rue du Saint-Esprit an der Stad zu engem Trick-Déifstall komm. Den Täter hat hei sengem Affer d’Hand ginn an him dobäi onbemierkt den Handy geklaut. D’Police huet eng Plainte entgéintgeholl.