Versichten Abroch zu LëtzebuergMann, deen international gesicht gouf, an Däitschland festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Mann, dee wéinst versichtem Abroch am Norde vum Land international gesicht war, ass an Däitschland festgeholl ginn, sou d’Wort um Méindeg.

Et handelt sech ëm e 27 Joer alen Albaner. Hie gouf an engem Zuch tëscht Karlsruhe an Offenbach kontrolléiert an d’Polizisten hu bëssen Drogen, Handyen an eng geklauten Auer a sengem Rucksak fonnt.

Hie gouf festgeholl an eng Prozedur, fir hien u Lëtzebuerg auszeliwweren, gouf ageleet.

Back to Top
CIM LOGO