Iwwerfall mat PistoulMann, deen zu Peppeng gesicht gouf, konnt gestallt ginn

RTL Lëtzebuerg
Dëse Police-Asaz gouf am Kader vun engem Iwwerfall zu Peppeng e Freideg den 8. November duerchgefouert.

De Mann konnt schlussendlech e Sonndeg den Owend zu Paräis lokaliséiert a gestoppt ginn. Am Kader vun der Enquête hat d’Lëtzebuerger Police iwwert de sougenannten ENFAST-System mat der franséischer Police kooperéiert.

Hie gouf mat Hëllef vun engem bestoende Mandat d’Arrêt festgeholl a gëtt an den nächsten Deeg u Lëtzebuerg ausgeliwwert.

De verdächtege Mann hat e Freideg eng him bekannte Persoun mat enger Schosswaff menacéiert a beklaut a war kuerz drop fortgelaf. Direkt e puer Unitéite vun der Police haten doropshi groussraimeg nom Mann gesicht.

Back to Top
CIM LOGO