Beim Erbléckse vu Polizisten ëmgedréintMann festgeholl, deen Droge geschléckt huet

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg konnte Polizisten an der Stad e Mann pëtzen, dee wuel Droge geschléckt hat, fir se virun de Beamten ze verstoppen.

Wéi et am Police-Bulletin heescht, wier de Mann enger Patrull um Boulevard de la Pétrusse an der Stad opgefall, nodeems hie beim Erbléckse vum Policeauto direkt an eng aner Strooss agebéit war. Wéi d’Beamten de Mann kontrolléiert hunn, hu si e wäisse Pudder op him fonnt.

Um Policebüro huet sech dunn erausgestallt, datt et Kokain wier. Well de Verdacht bestoung, datt de Mann e sougenannte Bodypacker wier, also eng Persoun, déi Droge schléckt, fir se ze verstoppen, huet de Parquet e Scann vum Mann ordonéiert. D’Resultat vun dësem war positiv, wouropshin hie festgeholl gouf.

Back to Top
CIM LOGO