
Direkt e puer Policepatrullen hu sech op de Wee gemaach. De presuméierten Täter gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter.
Éischten Informatiounen no war et tëscht enger Fra an engem Mann virdrun zu enger Diskussioun komm. An der Suite huet de Mann d’Fra attackéiert.
Weider Asätz vun der Police um Weekend
E Sonndeg den Owend gouf eng Kläpperei tëscht méi Persounen op der Stater Gare gemellt. Wéi d’Beamten op d’Plaz koumen, huet sech erausgestallt, datt et awer just zu enger verbaler Ausenanersetzung koum. Ee vun den dräi implizéierte Männer war géigeniwwer der Police allerdéngs net wierklech kooperativ an och alkoholiséiert. Dofir huet hien d’Nuecht an der Ausniichterungszell verbruecht.
An der Nuecht op e Méindeg huet d’Police och zu Esch ee Mann mat an d’Ausniichterungszell geholl, well dëse randaléiert a sech net berouege gelooss huet.