Eng Partie AbréchMann festgeholl wéinst Abroch an Eefamilljenhaus zu Esch

RTL Lëtzebuerg
Schonn e Méindeg gouf een Abroch an een Haus an der Rue de l'Hôpital zu Esch gemellt. Et goufen eng Smartwatch, ee Kopfhörer an e Portmonni geklaut.

Den Déif an déi geklaute Saache konnten ermëttelt ginn. De Mann hat en Dënschdeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter, wéi d’Police um Freideg matdeelt.

Um Donneschdeg da gouf direkt e puer mol a Gefierer agebrach, zum Beispill owes an een Auto an der Rue du Fort Olisy a Clausen, wou ee Rucksak geklaut gouf. Am Stater Gronn war et an der Nuecht op e Freideg en Abroch an en Auto an der Rue St Ulric. Hei goufe Suen an zwee Sonnebrëller matgeholl. A béide Fäll gouf eng Enquête ageleet.

Back to Top
CIM LOGO