Nuecht am Arrest verbruechtMann flücht no Accident a rebelléiert bei Kontroll géint Polizisten

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend war d'Police op Sandweiler geruff ginn, nodeems et hei zu engem Accident koum, bei deem de schëllege Chauffer geflücht war.
© RTL

Wéi am Police-Bulletin steet, war de schëllegen Automobilist an der Haaptstrooss zu Sandweiler fir d’éischt engem Auto hannendrop gefuer, éier hie sech mat héijer Vitess duerch d’Bascht gemaach huet. Wéi d’Beamten de Chauffer ermëttelt a lokaliséiert haten, huet de Mann sech onkooperativ géigeniwwer de Poliziste verhalen an dës beleidegt.

Wéi eng Beamtin en Alkoholtest mam Mann maache wollt, gouf dësen hir géigeniwwer handgräiflech. Doropshi gouf hien immobiliséiert. Donieft krut hien e provisorescht Fuerverbuet, well den Alkoholtest positiv ausgefall war. Wéinst sengem Zoustand a well hien eng Gefor fir sech an aner war, huet hien no enger Ënnersichung vun engem Dokter d’Nuecht am Arrest verbruecht.

Back to Top
CIM LOGO