Perturbatiounen am ZuchtraficMann hat sech mat Gasfläschen op d'Gleiser gestallt a Menacë gemaach

RTL Lëtzebuerg
D'Police gëtt dann e Sonndeg réischt Detailer, firwat den Zuchtrafic zu Ettelbréck e Samschdeg am Nomëtteg dräi Stonne laang ënnerbrach war.

E Mann hat sech do mat zwou Gasfläschen op der Gare op d’Gleiser gestallt an hätt Menacë gemaach. Aus Sécherheetsgrënn hätt een dowéinst decidéiert, d’Plaz ze spären an den Zuchtrafic z’ënnerbriechen, bis de Verdächtege festgeholl konnt ginn. Hie war de Sonndeg de Moie beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO