BelairMann hat Wegweisung net respektéiert a gouf festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moien hat sech e Mann an engem Appartement um Belair net un eng geriichtlech decidéiert Wegweisung gehalen.
© RTL Archivbild

Hie war der Police gemellt ginn, déi dunn eng Patrull op d’Plaz geschéckt huet. Effektiv hat de Mann sech net un d’Reegele gehalen an de Parquet gouf informéiert, deen ordonéiert huet, de Mann festhuelen ze loossen. Hie koum nach den 1. Mee am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO