
Ewéi d’Police mellt, wier hie vun engem Grupp Männer an e Gespréich verwéckelt ginn. Wärend dem Gespréich hätt ee vun de Männer hien op eemol an den Aarm geholl. Kuerz no dësem Tëschefall hätt de Mann da bemierkt, dass seng Auer verschwonne war. D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet.
An der Nuecht op e Méindeg krut d’Police dann e versichten Déifstall an der Rue de Bouillon an der Stad gemellt. Éischten Informatiounen no hätt hei e Mann an engem Bus versicht, en Handy an eng Posch ze klauen an duerno ze flüchten. Zwee aner Passagéier hätten hien awer un der Flucht gehënnert. Eng Patrull vun der Police ass op d’Plaz komm an d’Beamten hunn e Rapport geschriwwen.