PoliceMann kritt Kette vum Hals gerappt

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch am spéiden Nomëtteg krut d'Police eng Kläpperei tëscht zwee Männer am Garer Quartier an der Stad gemellt.

Wéi d’Beamten op d’Plaz koumen, war just ee Mann do. Wéi sech erausgestallt huet, krut dëse seng Kette vun engem Onbekannte vum Hals gerappt. Hien ass dem Täter nogelaf an et koum dunn zu der kierperlecher Ausenanersetzung. Den Täter konnt an der Suite awer flüchten. Eng Enquête gouf lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO