Police-BulletinMann mat Tréinegas ugegraff an iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
D'Beamte vun der Police waren en Donneschdeg nieft engem Iwwerfall zu Rodange och wéinst enger Schnëttverletzung an der Stad am Asaz.
© RTL

Wéi d’Police mellt, ware si wéinst engem Iwwerfall an der Rue Dr Gaasch op Rodange geruff ginn. Hei sollen zwee Männer en anere Mann mat Tréinegas attackéiert a säi Rucksak geklaut hunn. Bei enger Sich no de Männer konnten déi Verdächteg awer net ermëttelt ginn. Eng entspriechend Enquête leeft.

Donieft war der Police en Donneschdeg gemellt ginn, datt an der Rue de la Poste an der Uewerstad eng Persoun mat engem Messer blesséiert ginn ass an den Täter op der Flucht wier. D’Affer wier, sou d’Police, no enger éischter medezinescher Versuergung fir eng weider Kontroll an d’Spidol komm, wier awer net liewensgeféierlech blesséiert. Och hei lafen Ermëttlungen.

Back to Top
CIM LOGO