Alkoholiséiert bei d'Police gefuerMann mécht Plainte, muss dann awer selwer de Permis ofginn

RTL Lëtzebuerg
Wéinst Schied um Lack vu sengem Won ass e Mann en Dënschdeg bei d'Police gefuer, fir Plainte ze maachen. Hie selwer war awer och net ganz richteg ënnerwee.
© RTL

En Dënschdeg den Owend géint 18.30 Auer war de Mann op de Policebüro zu Schëffleng gefuer, fir eng Plainte géint Onbekannt wéinst Schied am Lack vu sengem Auto ze maachen, heescht et am 113-Bulletin. Wärenddeem d’Beamten d’Plainte entgéintgeholl hunn, ass hinnen awer de Geroch vun Alkohol beim Mann opgefall. Dorop ugeschwat, huet hien och zouginn, Alkohol gedronk ze hunn. Wéi sech beim Test erausgestallt huet, hat de Mann awer méi gedronk, wéi erlaabt, wouropshin de Permis agezu gouf.

Zu Déifferdeng tëscht der Avenue d’Oberkorn an der Rue Aloyse Kayser hunn en Dënschdeg den Owend Passanten en Auto gestoppt, deen an eng Rei aner Ween gerannt war. Fir de Chauffer um Weiderfueren ze hënneren, hunn d’Passanten dem Automobilist d’Schlëssele vum Auto ofgeholl an d’Police ugeruff. Op der Plaz ass de Polizisten de Geroch vun Alkohol entgéint komm. Och hei hat de Chauffer den erlaabten Taux iwwerschratt an huet missen de Fürerschäin ofginn.

Back to Top
CIM LOGO