Stad LëtzebuergMann menacéiert 3 aner Persoune mat engem Messer
RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 20 Auer gouf eng haart Ausenanersetzung an der Rue du Fort Neipperg an der Stad gemellt.
Update: 10.12.2025 09:29
Hei huet eng Persoun dräi anerer mat engem Messer menacéiert. Wéi d'Police op d'Plaz koum an de Verdächtege kontrolléiert huet, hu si eben e Messer an 3 Kokainkugele bei him fonnt.