
Éischten Informatioune vun der Police no, hate 4 aner Männer d’Affer ëmzéngelt an dëst opgefuerdert, hinne säin Handy ze ginn. Dobäi hu si de Mann och mat engem Messer menacéiert. Dësen huet den Täter doropshi säin Handy ginn. Dës hunn him schliisslech och nach d’Kette geklaut, éier si da fortgelaf sinn.
D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet.