
E Mann soll hei ënner anerem Portmonnien aus de Gefierer geklaut hunn. D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet a konnt de presuméierten Täter ermëttelen. Bei dësem konnten och Géigestänn, déi aus den Autoe geklaut goufen, séchergestallt ginn.
De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.